Schlass Neuschwanstein

Vu Wikipedia
Schlass Neuschwanstein
D'Schlass vun der Marienbrücke aus gesinn
Land Däitschland
Plaz Hohenschwangau
Koordinaten 47° 33’ 27.02’’ N
      10° 44’ 58.80’’ O
Baustil Historismus, Eklektizismus
Architekt(en) Christian Jank
Statut klasséiert
Datum vum Bau 1869 ugefaangen
Proprietär Land Bayern

D'Schlass Neuschwanstein ass e Schlass bei Hohenschwangau, a Bayern.

Et gouf vun 1869 vum bayeresche Kinnek Ludwig II., als idealiséiert Representatioun vun enger Ritterbuerg aus dem Mëttelalter baue gelooss. D'Pläng ware vum Christian Jank, den Hofbaudirektor Eduard Riedel huet sech zesumme mam Georg von Dollmann ëm de Bau bekëmmert, zu gudder Lescht war de Julius Hofmann responsabel fir de Bau.

D'Architektur an d'Bannendekoratioune sinn typesch fir de Stil vum romanteschen Eklektizismus vum 19. Joerhonnert; d'Schlass gëllt als eent vun den Haaptwierker vum Historismus. D'Schlass huet eng 200 Zëmmeren, op enger totaler Fläch vu 6.000 m2.

De Ludwig II. ass 1886 gestuerwen, nach éier d'Bauaarbechte fäerdeg waren. Hien hat de Bau selwer finanzéiert, huet sech domat awer esou verschëllt, datt déi Bayeresch Regierung hien als net méi am Stand fir ze regéieren deklaréiert huet.

D'Schlass gehéiert haut dem Land Bayern. Et ass eng vun de bekanntsten touristeschen Attraktioune vun Däitschland, déi am Joer vu ronn annerhallwer Millioun Leit besicht gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Neuschwanstein – Biller, Videoen oder Audiodateien