Schlass Wëntreng

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Schlass vu Wëntreng ëm 1900 (Foto vum Jacques Marie Bellwald)

D'Schlass zu Wëntreng ass e Schlass aus dem Joer 1610 am Renaissance-Stil an der Uertschaft Wëntreng, Gemeng Schengen. Et ass haut a Privatbesëtz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Wëntrenger Schlass gouf ëm 1610 vum Alexandre de Musset, Här vu Féiz, baue gelooss. Et bestoung dunn aus dem Haaptgebai mat de 4 Tierm, wéi et haut och nach besteet. An der Zäit vum Drëssegjärege Krich goufe Befestegungen an e Munitiounslager ugeluecht. Am 18 Joerhonnert gouf eng Scheier mat engem 5. Tuerm ugebaut.

1938 huet den Industriellen Nick Schlesser d'Proprietéit opkaf. Am Zweete Weltkrich gouf d'Schlass schwéier beschiedegt. Ufanks goufen däitsch, dunn, géint der Enn, amerikanesch Zaldoten dran aquartéiert. Nom Krich huet den Henri Schlesser, dem Nick säi Jong, d'Schlass nees restauréiere gelooss.

Et gehéiert hautdesdaags deem sengem Jong Philippe, dee weider Restauratiounsaarbechten dru mécht.[1]

De 6. Juli 2016 gouf d'Schlass mam ganzen Ëmrank op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl.[2]

D'Schlass haut[änneren | Quelltext änneren]

Wintrange chateau web-cropped.jpg

D'Schlass ass a Privatbesëtz a kann net besicht ginn. Et ka fir Hochzäiten oder soss Feieren an Evenementer gelount ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Wëntreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Château de Wintrange". Versioun vum 1. Mee 2013.
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 2. resp. 15. Abrëll 2019).