Op den Inhalt sprangen

Schluecht vu Verdun

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schluecht vu Verdun
Schluecht vu Verdun op der Kaart
Datum 21. Februar- 20. Dezember 1916
Plaz Verdun a Frankräich
Resultat Ouni strategescht Resultat
Kontrahenten

Däitscht Räich

Entente
Kommandanten
Truppen op der Plaz
Am ganze 50 Divisiounen
1225 Geschëtzer

Verloschter:
zirka 337.000 Zaldoten,
dovu ronn 150.000 Doudeger
Am ganze 75 Divisiounen
400 Geschëtzer am Ufank
(méi spéit zirka 1300)
Verloschter:

zirka 377.000 Zaldoten,
dovu ronn 167.000 Doudeger
Verloschter
Konflikt
Éischte Weltkrich

D'Schluecht vu Verdun war eng vun de gréisste Schluechte vum Éischte Weltkrich. Si huet den 21. Februar 1916 mat engem Ugrëff vun däitschen Truppen op d'franséisch Stellunge bei Verdun ugefaangen. Si ass den 20. Dezember 1916, ouni grouss Verännerung vum Frontverlaf, zu Enn gaangen.

No der éischter Marneschluescht an dem Stellungskrich, dee sech ëmmer méi laang higezunn huet, huet den däitschen ieweschte Kommando (OHL) gemierkt datt e lues a lues d'strategesch Initiativ verluer huet. De Generalstabschef vun den däitsche Buedemtruppen, Erich von Falkenhayn, wollt nämlech Frankräich duerch e Groussugrëff an d'Knéie kréien. Den Zilpunkt vun der Offensive war d'Stad Verdun, an d'Forte ronderëm Verdun, wéi de Fort de Douaumont an de Fort de Vaux.

Den OHL huet geplangt, de Frontbou ëm d'Stad Verdun an déi virgelagert Festungen op eng riicht Linn ze bréngen. Déi, no däitscher Meenung, staark geschwächt franséisch Arméi sollt "ausgeblutt" ginn.

Beim Fort vun Douaumont hate se liicht Saach, well zur Zäit vun der däitscher Attack war deen nëmme mat 57 Mann besat. Fir de Rescht hate se sech verrechent. D'Fransousen hu sech staark verdeedegt a konnten déi däitsch Offensiv stoppen. De Philippe Pétain, deemools Kommandant vun der 2. Arméi, huet ripostéiert an direkt eng Verbindung mat Bar-le-Duc an d'Weeër geleet. An Zäit vu 24 Stonne koumen 3.000 Camione mat Material an Ersatztruppen iwwer d'Voie sacrée un d'Front.

Doropshin huet de von Falkenhayn drop gebaut, fir d'franséisch Truppe lues a lues kleng ze kréien. De Pétain huet awer bei deem Spill net matgemaach an dofir gesuergt, datt ëmmer frësch ausgerascht Truppen op der Front waren, an hien huet e Roulement ugeuerdert, datt d'Zaldoten ni ganz laang an den éischte Linne bliwwe sinn.

De Fort de Vaux haut
Commons: Schluecht ëm Verdun – Biller, Videoen oder Audiodateien