Voie sacrée

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Kilometersteen op der Voie Sacrée

D'Voie sacrée oder och nach Voie sacrée nationale ass eng historesch strategesch Strooss a Frankräich. Si verbënnt Bar-le-Duc mat Verdun.

Déi Strooss war am Éischte Weltkrich, eng vital Verkéiersoder fir d'Festung vu Verdun. Am Ufank gouf se einfach la route genannt. Si gouf eréischt am Krich, 1916, vum Schrëftsteller a Politiker Maurice Barrès Voie sacrée gedeeft, mat Referenz op de Réimer hir Via Sacra.

D'Strooss war sou wichteg datt se während der ganzer Zäit vum Krich vun e puer franséische Juegdgeschwaderen, déi nëmmen déi Missioun haten, protegéiert gouf.

Am Summer 1916 sinn all Woch eng 90.000 Zaldoten, a ronn 50.000 Tonne Material iwwer déi Strooss gaangen.

Et gouf permanent dru geschafft fir se an der Rei ze halen, well bei enger Moyenne vun engem Camion pro 13 Sekonnen, war den Trafic sou grouss, dat sech keng Panne konnte geleescht ginn. Wann e Camion e Problem hat, gouf en einfach an de Gruef gehäit, fir datt déi aner konnte weiderfueren. Laanscht Strooss sinn iwwerall Steekaulen entstanen, fir déi ausgefuere Gléisen ze stoppen.

De Capitaine Doumenc, de Concepteur vum sougenannten Noriasystem an och de Generol Pétain, hate bekäppt datt eng séier Rotatioun vun den Truppe wichteg war, fir ëmmer ausgeraschten Zaldoten op der Front ze hunn. Sou ass et och komm datt all franséischt Regiment do vertruede war.

Den Transport iwwer déi Strooss war ëm sou méi wichteg, well praktesch all d'Eisebunnssstrecken aus deem Secteur an den Hänn vun de Preise war, oder ënner deenen hirem Artillerisberäich louch.

Wann een iwwer déi Strooss fiert, mierkt en datt se net sou gezeechent ass wéi déi aner Nationalstrossen a Frankräich. Obschonn se an der Verwaltung an op de Stroossekaarten den Numm RN 35 hat, stinn laanscht Strooss Kilometersteng mat der Opschrëft N VS fir Nationale Voie Sacrée.

Beim Declassement vun enger Parti Nationalstrossen am Januar 2006, gouf se als Departementale klasséiert a krut den Numero RD1916 als Ërennerung un d'Joer 1916.

D'Wichtegkeet vun där Strooss geet am beschten aus dem Pétain sengem Buch iwwer d'Schluecht vu Verdun ervir (Originaltext):

Vers le carrefour Regret-Verdun, base avancée des approvisionnements de l'armée, quatre voies arrivaient de l'arrière:

  • le chemin de fer venant de Commercy et descendant la Meuse, inutilisable parce que passant à Saint-Mihiel dans les lignes de l'ennemi ;
  • le chemin de fer de Sainte-Menehould et Clermont-en-Argonne, souvent coupé par les obus à hauteur d'Aubréville et par lequel on ne pouvait amener qu'une partie du matériel du génie ;
  • le petit chemin de fer à voie étroite, dit Meusien qui servait au transport des vivres et d'une partie du matériel ;
  • la route départementale de Bar-le-Duc, sur laquelle circulaient sans interruption les convois automobiles conduisant à la bataille les troupes et les munitions.

Ainsi, sur quatre voies d'accès, deux sont coupées ou sous le feu de l'ennemi, et une autre n'a qu'une capacité très réduite. Cela limite donc les possibilités à une seule route la nationale de Bar-le-Duc à Verdun.

D'Voie sacrée nom Éischte Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Datt de Maurice Barrès se schonn am Abrëll 1916 Voie sacrée gedeeft hat, war net déi eenzeg Éier déi se krut.

Op hirer ganzer Längt vu 75 km, gouf all Kilometer mat engem grousse Kilometerstee markéiert, mat engem Helm uewendrop, a si gouf den 21. August 1922, vum President Raymond Poincarré ageweit. Den 30. Dezember 1923 gouf se als Nationalstrooss klasséiert.

Wéi se am Januar 2006 déklasséiert gouf, krut se hiren Numm Voie sacrée nationale duerch en Arrêté vum 15. Februar 2007, confirméiert.


20080508 détail voie-sacrée.jpg
Detail vum Mémorial vun der Voie sacrée zu Verdun

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Voie Sacrée – Biller, Videoen oder Audiodateien