Schreifmaschinn

Vu Wikipedia
Eng Underwood 5 Schreifmaschinn, ëm 1900

Eng Schreifmaschinn ass e mechanescht oder eloktromechanescht Schreifinstrument, bei deem, meeschtens vun Tasten ugeschloen Drockletteren op e Faarfbännche schloen a sou um Pabeier, deen drënner op enger Walz läit, d'Buschtawen dréckt.

Déi allgemeng Verbreedung vum PC mat Textveraarbechtungsprogramm a vum Printer hunn de Gebrauch vun der Schreifmaschinn staark zeréckgoe gelooss.

D'Dispositioun vun de Buschtawen an Zeechen op den Tastature vum PC gouf vun de Schreifmaschinnen iwwerholl. Mat ee Grond, firwat d'Buschtawen esou stinn, wéi se do sinn, war, well op enger Schreifmaschinn déi Buschtawen, déi am dackste gebraucht goufen, esou auserneelouchen, datt hir Bigele beim Tippen manner aneneen hänke bloufen. Dofir gëtt et ofhängeg vun de Sproochen, verschidden Arrangementer fir d'Buschtawen, wouvun déi bekanntst an Europa déi sinn, déi mat QWERTZ, AZERTY oder QWERTY ufänken.