Op den Inhalt sprangen

Schuedi

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
E klenge Schuedi

E Schuedi ass eng Bakwuer, déi op Basis vun Hiefdeeg fabrizéiert gëtt, andeems an de gerullten Deeg mam Fanger Lächer gedréckt ginn, déi doropshi mat wotlechem leefege Botter, dee sech herno am Deeg verleeft, gefëllt ginn a wou Kristallzocker driwwer gestreet gëtt.

A senger klenger Form ass de Schuedi e Kaffiskichelchen; an der grousser ass et e flaache Kuch.

D'etymologesch Spuere vum Wuert sinn op fréier Bäcker zeréck ze féieren, déi et ze "schued" fonnt hunn d'Reschter vun Deeg ewech ze geheien a se dowéinst mat Botter an Zocker weiderverwäert hunn[Quell?].