Schweecherdauler Musek

Vu Wikipedia

D'Schweecherdauler Musek ass d'Duerfmusek vum Schweecherdaul, dee sech aus den Dierfer Schweech, Ielwen an Huewel zesummesetzt.

Si gouf am Joer 1906 gegrënnt. 2013 huet se ronn 90 aktiv Memberen.

Am Laf vum Joer ginn eng Rëtsch Concerten uechtert d'ganzt Land gespillt, mat dem Galaconcert Da Capo als Héichponkt, deen all Joer am Daul gespillt gëtt. Donieft si se bei deene verschiddene Manifestatiounen uechtert d'Gemeng Biekerech présent, wéi ënner anerem bei der Kommioun, dem Semi-Marathon, dem Nationalfeierdag an der Kiermes.

All Joer gëtt am Centre culturel zu Ielwen, wou och de Proufsall ass, Theater gespillt, Baler organiséiert, etc.

Zanter September 2019 hunn d'Schweecherdauler Musek an d'Fanfare Concordia Beckerich decidéiert hire musikalesche Programm zesummen ze leeën.[1]. Déi zwou Museke bleiwen awer bestoen, hu verschidde Comitéen a Keesen an eenzel Aktivitéite gi weiderhi vun deene respektive Veräiner organiséiert (Theater, Hämmelsmarsch, Pressiounen, ...).

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1906 - 1915: Nic Zimmer
  • 1915 - 1917: Jean-Pierre Weiler-Wirtgen
  • 1917 - 1922: Jos. Steichen
  • 1922 - 1950: Jean-Pierre Zimmer
  • 1950 - 1973: Edmond Zimmer
  • 1973 - 1984: Emile Seyler
  • 1984 - 2001: Jos. Lambert
  • 2001 - 2010: Jean-Paul Kellen
  • zanter 2010: Guy Wagner

Dirigenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1906 - 1956: Goerges Zimmer
  • 1956 - 1973: Robert Weyland
  • 1973 - 1985: Pierre Klein
  • 1985 - 1989: Nico Berton
  • 1989 - 2002: Christian Kirpes
  • 2002 - 2006: Joël Sand
  • 2006 - 2007: Jean-Marie Thein
  • 2007 - 2009: Georges Glod
  • 2009 - 2011: Jonathan Devière
  • 2011 - 2019: Manuel Stoffels
  • zanter 2019: Marcel Richards

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gemeinsame Flyer vun der Biekerecher a Schweecherdauler Musik