SeaDream I

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) SeaDream II)
SeaDream I

SeaDream II

D'SeaDream II

Technesch Donnéeën (Iwwerbléck)
Schëffstyp: Passagéierschëff
Eegentemer: SeaDream Yacht Club
Asaz: Croisièren
Kategorie: 5-Stären-Plus
Gréisst: 4.253 BRT
Längt (i. W.): 105 m
Breet (i. W.): 14 m
Vitess: 21 Kniet
Passagéierkapazitéit: 108
Equipage: 89
Baujoer 1984
Bauwerft: Wärtsilä Helsinki Werft
Kabinnen: 58
Registréiert: Bahamas
Heemechtshafen: Nassau
Bordsprooch: Englesch
Wärung: US $
Haaptrestaurant: 1
Baren: 2
Swimmingpool: 1
Whirlpool: 1

De SeaDream Yacht Club ass eng kleng norwegesch Reederei, déi haut zwee Croisièresschëffer, déi baugläich Zwillingsschëffer, d'SeaDream I an d'SeaDream II exploitéiert. Et sinn zwou Yachte vu jee 4.253 BRT mat engem ganz héije Standard. De Berlitz Guide for Cruising bewäert se mat 5-Stäre-Plus, mat der Bezeechnung utterly exclusive (aussergewéinlech exklusiv), eng Bewäertung, déi nëmmen een anert d'Schëff kritt huet, d'MS Europa. Allen zwee bidde se Plaz fir 108 Passagéier. Si kënne sech iwwer all méigleche Confort erfreeën a profitéieren och vun enger Stärekichen a fräiem Gedrenks.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'SeaDream-Yachten hunn hir Aktivitéiten 1984 ënner dem Numm Sea Godess I a Sea Godess II opgeholl an hunn deemools nach zu Cunard gehéiert. Si goufen dunn bei d'Seabourn Line geschloen. Wéi d'Carnivall plc Seabourn iwwerholl huet, sinn déi norwegesch Minoritéitsaktionären aus Seabourn erausgeklomm an hunn dunn déi fréier Sea-Godess-Schëffer eegemächteg exploitéiert, mat vill Succès iwweregens. Den héijen Niveau vun de Croisièren op dësen zwee Schëffer ass erhale bliwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SeaDream I – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: SeaDream II – Biller, Videoen oder Audiodateien