MS Europa

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
MS Europa (1999)


D'MS EUROPA

Technesch Donnéeën (Iwwerbléck)
Schëffstyp: Passagéierschëff
Asaz: Croisièren
Kategorie: 5-Stären
Gréisst: 28.600 BRT
Maschinnen: 4 Dieselmotoren (MAN)
Leeschtung: 21.600 kW
Stabilisatoren: Fincantieri 2x11m²
Längt (i. W.): 198,6 m
Breet (i. W.): 24 m
Déifgang: 6 m
Vitess: 21 Kniet
Passagéierkapazitéit: 408
Equipage: 275
Baujoer: 1999
Bauwerft: Kvaerner-Masa-Werft (Aker Kvaerner), Helsinki
Zodiac: 12
Tender (120/150 Sitzplätze): 4
Kabinnen: 204
Registréiert: Bahamas
Hafen doheem: Nassau
Bordsprooch/Wärung: Däitsch/Euro
Haaptrestaurant: 1
Baren: 9
Swimmingpoolen: 1
Whirlpoolen: 2
Quell: www.hlkf.de

Europa ass den Numm vu verschiddenen däitsche Fracht- a virun allem Passagéierschëffer.

Déi éischt Europa (1891)[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Europa ass vun 1891 bis 1894 fir d'HAPAG gefuer a gouf fir den Transport vun Emigrante benotzt. Si war knapps 80 m laang a konnt bis zu 220 Passagéier ophuelen. Am Joer 1913 gouf se verschrott.

Déi zweet Europa (1905)[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1905 un, stoung dann déi zweet Europa am Déngscht vum Norddäitsche Lloyd. Et huet sech ëm e Frachter gehandelt, deen 1889 als Gutenfels vum Stapel gelaf war, an eng Längt vun 99 Meter hat bei 2.737 BRT. Am Joer 1908 koum déi zweet Europa mat 28 Mann Besatzung u Bord um Nord-Atlantik a Séinout an ass zanterhier verschollen.

Déi drëtt Europa (1928)[änneren | Quelltext änneren]

Déi drëtt Europa vun Hapag Lloyd

Déi drëtt Europa war bei der Hamburger Werft Blohm & Voss fir den Norddäitsche Lloyd als Turbinneschëff gebaut ginn an hat 49.746 BRT. Se ass de 15. August 1928 vum Stapel gelaf. Mat deem Schëff hat Däitschland vill vir a wollt domat der englescher Konkurrenz Paroli bidden an dat sougenannt Blot Band vum brittesche Cunard-Liner Mauretania fir Däitschland erëmgewannen.

Déi véiert Europa (1953)[änneren | Quelltext änneren]

Déi véiert Europa, déi drëtt vum Norddeutsche Lloyd, huet an den 1960er Joren den Iwwergank vun der Linneschëfffahrt op d'Croisièresaktivitéiten agelaut.

Nodeem d'Norddeutsche Lloyd déi véiert Europa vun 1966 un fir d'éischt als Linneschëff op der Streck vu Bremerhaven op New York agesat hat, huet d'Iwwerzeegung sech séier duerchgesat, dat d'Linneschëffer géintiwwer dem Fluchverkéier keng Chance méi hätten. 1966 ass also déi éischt Croisière op den Nordkap organiséiert ginn. Duerno gouf et nach ettlech Linnereesen op New York. Awer d'Croisièren an d'Mëttelmier, an d'Karibik an a Skandinavien hunn un Importenz gewonnen. 1970 huet d'Hapag mat dem Norddeutschen Lloyd fusionéiert. Vun 1973 un ass dunn d'Europa nëmme méi fir Luxuscroisièren agesat ginn.

1981 ass d'Schëff, nodeem et 1.045.000 Séimeilen zeréckgeluecht, 34-mol d'Rees iwwer den Atlantik hanner sech hat, an e Bilan vun 315 Croisièrë mat 184.000 Passagéier opzeweisen hat, vun Hapag Lloyd ausser Déngscht gestallt ginn.

Déi fënneft Europa (1982)[änneren | Quelltext änneren]

Ufang 1982 huet déi fënneft Europa hir éischt Rees ugetratt. D'Schëff gouf vun der Bremer Vulkan AG gebaut.

1997 gouf dat Schëff op Singapur un d'Star Cruises verkaaft. Haut huet dat Schëff den Numm Holiday Dream an ass am Déngscht vu Pullmantur Cruises.

Déi sechst an neist Europa (1999)[änneren | Quelltext änneren]

Och haut dréit erëm e Croisièresschëfff vun Hapag-Lloyd den Numm Europa. De Luxusliner dee bei der Aker Kvaerner (vidru Kvaerner-Masa-Werft) zu Helsinki gebaut gouf, an de 15. September 1999 an Déngscht gestallt gouf, gëtt haut nom Berlitz Guide of Worldwide Cruises als „dat bescht Croisièresschëff vun der Welt“ betruecht a krut aachtmol hannereneen e 5-Stäre-Rating mat der Bezeechnung utterly exclusive. Keen anert Schëff wéi d'Europa stellt senge Gäscht pro Kapp sou vill Plaz zur Verfügung. Vun 204 Kabinnen hunn der 168 e private Balcon. Nieft dem Haaptrestaurant kann een och am asiateschen oder italieenesche Spezialitéiterestaurant oder am Lido Cafe um Deck 8 iessen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoe vun der MS Europa6[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: MS Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien