Op den Inhalt sprangen

Secondo Caldarelli

Vu Wikipedia
Secondo Caldarelli
Gebuer 13. August 1923
Camerino
Gestuerwen 15. Januar 1978
Nanzeg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Italien
Aktivitéit Foussballspiller

De Secondo Caldarelli, gebuer den 13. August 1923 zu Camerino (Italien) a gestuerwen de 15. Januar 1978 zu Nanzeg[1], war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Tëscht dem 7. Mäerz 1954 am 16. Oktober 1955 huet de Secondo Caldarelli 11-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

De Secondo Caldarelli huet mat 14 Joer seng éischt Lizenz beim Progrès Nidderkuer kritt a ronn 1.300 Matcher fir säi Veräi gespillt.[4] Mat 312 Asätz an der Nationaldivisioun ass hie Rekordspiller vum Progrès.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Annonce am Luxemburger Wort vum 16. Januar 1978 (16. Januar 1978). Gekuckt de(n) 29. Dezember 2021.
  2. De Secondo Caldarelli op der Websäit vun der Football Database.eu
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Secondo Caldarelli op der Websäit vun European Football
  4. Artikel zum Gedenken op Facebook. Gekuckt de(n) 29. Dezember 2021.