Senat (Frankräich)

Vu Wikipedia
De Sëtzungssall vum franséische Senat am Palais du Luxembourg zu Paräis

De Senat ass nieft der Nationalversammlung eng vun den zwou Chamberen am franséische Parlament. Si ass déi iewescht Chamber (frs: chambre haute). Zesumme maache si d'Gesetzer a Frankräich.

D'Verfassung vun der V. franséischer Republik hält fest, datt de Senat de Vertrieder vun de "collectivités territoriales" ass.

De Senat ass un der Gesetzgiewung bedeelegt, mä kann awer am Zweiwelsfall vun der Nationalversammlung iwwerstëmmt ginn. Wa sech de Senat an d'Nationalversammlung iwwer e Gesetzesprojet net eens sinn, da kann de Premierminister der Nationalversammlung dat lescht Wuert ginn. Dat heescht, d'Nationalversammlung kann nëmmen e Gesetz stëmmen wa se entweeder den Accord vum Premierminister oder den Accord vum Senat huet, mä net eleng.

Dem Senat seng Kontrollrechter géigeniwwer der Regierung sinn nëmme schwaach: e ka se befroen a Rapporte verëffentlechen, mä huet awer keng formell Sanktiounsméiglechkeeten.

Zënter 2011 gëtt et am Senat 348 Senateuren. Si gi fir e Mandat vu 6 Joer gewielt. All dräi Joer gëtt eng Hallschent vum Senat erneiert. D'Senateure ginn net direkt vum Vollek gewielt, mä vu ronn 150.000 "grands électeurs".

Traditionell gëtt de franséische Senat vu rietsen an zentristesche Parteien dominéiert. E Grond dofir ass, datt ländlech Regioune méi staark am Senat vertruede si wéi Stied. Déi lénk Parteien haten nëmmen tëscht 2011 an 2014 eng Majoritéit.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Franséische Senat – Biller, Videoen oder Audiodateien