Sergei Wiktorowitsch Lawrow

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Sergei Wiktorowitsch Lawrow
Gebuer 21. Mäerz 1950
Moskau
Nationalitéit Sowjetunioun, Russland
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Minister
Partei Eenegt Russland, Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Famill
Bestuet mat Marija Lawrowa
Kanner Jekaterina Lawrowa

De Sergei Wiktorowitsch Lawrow (Сергей Викторович Лавров), gebuer den 21. Mäerz 1950 zu Moskau als Bouf vun engem tifliser Armeenier an enger moskauer Russin, ass e russeschen Diplomat an zanter Mäerz 2004 Ausseminister vun der Russescher Federatioun.

1972 huet de Lawrow säin Ofschloss um MGIMO gemaach a gouf als Diplomat vun der Sowjetunioun an d'Ambassade op Sri Lanka geschéckt.

Vun 1981 bis 1988, an dunn nees vun 1994 bis 2004, war de Lawrow Member vun der stänneger Vertriedung vu sengem Land bei de Vereenten Natiounen zu New York.

De Lawrow schwätzt nieft senger Mammesprooch Russesch nach Englesch, Franséisch a Singhalesesch. Hien ass bestuet an huet eng Duechter mam Numm Katja.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sergei Lawrow – Biller, Videoen oder Audiodateien