Sergio Pininfarina
| Sergio Pininfarina | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
8. September 1926 Turin |
| Gestuerwen |
3. Juli 2012 Turin |
| Alter | 85 Joer |
| Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
| Educatioun | Politecnico di Torino |
| Aktivitéit | Entreprener, Politiker, Designer, Professer, Erfinder, Direkter |
| Fonctioun | Europadeputéierten, President |
| Auszeechnungen | Officier vun der Légion d'honneur, Chevalier vun der Légion d'honneur, Honorary Royal Designer for Industry |
| Famill | |
| Kanner | Andrea Pininfarina |
| Websäit | http://www.pininfarina.com/index/storiaModelli/biografie/sPinin |
|
| |
De Sergio Pininfarina, gebuer als Sergio Farina den 8. September 1926[1] zu Turin, an och do gestuerwen den 3. Juli 2012[2], war en italieeneschen Autosdesigner a Senator op Liewenszäit.
De Pininfarina ass virun allem bekannt fir den Design vun enger Rëtsch vu Modelle vu Ferrari. 1961 gouf de Familljennumm vu Farina op Pininfarina geännert, sou wéi d'Firma och schonn housch. Nom Doud vu sengem Papp, dem Battista "Pinin" Farina, 1966, gouf de Pininfarina Generaldirekter vu Carrozze Pininfarina.
Tëscht 1979 an 1988 war de Pininfarina als Member vun der italieenescher Liberaler Partei Member vum Europäesche Parlament. Den 23. September 2005 gouf e vum italiensche President Carlo Azeglio Ciampi (zesumme mam Giorgio Napolitano) zum Senator op Liewenszäit ernannt.[1]
