Shirley Bassey

Vu Wikipedia
Shirley Bassey
Gebuertsnumm Shirley Veronica Bassey
Gebuer 8. Januar 1937
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Sänger

D'Dame Shirley Bassey, gebuer den 8. Januar 1937 an der Tiger Bay bei Cardiff a Wales, ass eng brittesch Popsängerin.

Der Shirley Bassey hire Papp war en nigerianesche Matrous an hir Mamm stammt aus Yorkshire. Mat 16 Joer ass d'Shirley schonn duerch ganz Groussbritannien sange gaangen. 1956 koum déi éischt Plack eraus: Burn My Candle.

De groussen Duerchbroch koum 1964 mam Titellidd vum James Bond-Film Goldfinger.

Den 31. Dezember 1999 krut d'Shirley Bassey vun der englescher Kinnigin Elisabeth II. den Titel Dame Commander of the Order of the British Empire.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shirley Bassey – Biller, Videoen oder Audiodateien