Colette

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sidonie Gabrielle Colette)
Colette
d'Colette (1932)
Gebuertsnumm Sidonie-Gabrielle Colette
Pseudonym Willy, Colette Pavic
Gebuer 28. Januar 1873
Saint-Sauveur-en-Puisaye
Gestuerwen 3. August 1954
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Romancier, Ghostwriter, Journalist, Librettist, Dréibuchauteur, Novellist, Dramatiker, Prosaist, Schauspiller
Member vun Académie Goncourt

D'Colette, fir richteg Sidonie-Gabrielle Claudine Colette, gebuer den 28. Januar 1873 zu Saint-Sauveur-en-Puisaye am Departement Yonne, a gestuerwen den 3. August 1954 zu Paräis, war eng franséisch Schrëftstellerin, déi fir hir Romaner bekannt ass, an deenen dacks Fraen an hir Erliefnesser am Mëttelpunkt stinn. Si war ausserdeem Varietéartistin a Journalistin.

Si hat fréi Succès mat der "Claudine"-Serie, enger Rëtsch Erzielungen: Claudine à l'école, Claudine à Paris, Claudine en ménage a Claudine s'en va (1896-1903), déi se awer ënner dem Pseudonym vun hirem deemolege Mann, "Willy", erausbruecht huet. Nodeems se vun deem gescheet gouf, huet si Coursen a Pantomime geholl an ass vun 1906-1912 a „Mimodramen“ a Varieté-Theateren opgetrueden.

1909 koum hiren autobiographesche Roman La Vagabonde eraus, mat deem se sech als Schrëftstellerin en Numm gemaach huet. Zousätzlech hat si laang an der Dageszeitung Le Matin eng reegelméisseg Rubrik. 1913 schrouf se L'Envers du music-hall, 1919 Mitsou, ou comment l'esprit vient aux filles. Dat Joer drop koum mat Chéri hire bekanntste Roman eraus. 1923 huet se, fir d'éischt ënnert dem (Hallef)pseudonym "Colette", Le Blé en herbe erausbruecht. E grousse Succès hat se mat dem Feuilleton-Roman Gigi, deen 1944 als Buch erauskoum (an deen 1958 als Musical verfilmt gouf).

D'Colette war déi éischt weiblech Presidentin vun der Académie Goncourt a krut als éischt Fra a Frankräich e Staatsbegriefnes. Se läit um Kierfecht Père-Lachaise begruewen.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Claudine à l'École, Claudine à Paris, Claudine en Ménage a Claudine s'en va, 1900–1903
  • La Vagabonde, Roman, 1910
  • Mitsou. Roman, 1919
  • Chéri. Roman, 1920
  • La Maison de Claudine. Roman, 1922
  • L'Enfant et les Sortilèges. Oper. Musek: Maurice Ravel. (1925 zu Monte Carlo fir d'éischt opgefouert)
  • Sido. Roman, 1929
  • Le pur et l'impur, 1932
  • La Chatte
  • De ma fenêtre, 1941 (Autobiografie)
  • Gigi. Roman, 1944
  • L'Étoile Vesper. Roman, 1947

Posthum:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Yvonne Mitchell: Colette: A taste for life, 1975.
  • Judith Thurman: Secrets of the Flesh: A Life of Colette, 1999.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Colette – Biller, Videoen oder Audiodateien