Singer (Vëlosfabrikant)

Vu Wikipedia
Société nouvelle des Cycles Alex Singer[1]
Grënnungsdatum 1938
Sëtz Levallois-Perret
53, rue Victor Hugo
Leedung Olivier Csuka
Branche Vëlosfabrikant
Produit Vëloen


Singer ass e Vëlosfabrikant a -restaurateur zu Levallois-Perret deen zu de sougenannten Nobelmarke gezielt gëtt. Bei Singer ginn héichwäerteg Vëloen op d'Mooss exclusiv an Handaarbecht gebaut.

Zanter 2014 huet d'Entreprise de Label Entreprise du Patrimoine Vivant Français.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Firma gouf vum Alex Singer deen 1905 zu Budapest op d'Welt koum an 1919[2] a Frankràich komm war, gegrënnt. De Singer war e gudde Randonneur deen awer och Vëloscoursse gefuer ass. Hie war Member vum Clignancourt Sportif an duerno vum Cercle Sportif International. Hien hat sech 1930 bestuet a mat senger Fra ass hie bei den Tandémistes Parisiens mam Tandem gefuer. Wéi hien 1938 säin Atelier opgemaach huet, huet hie genee dat selwecht gemaach wéi vill Handwierker an der Géigend vu Levallois. Levallois war déizäit en Zentrum vum Autosbau an en ettlech Ateliere ware Liwwerante fir d'Fligerindustrie. Dowéinst gouf et e ganze Koup vu gutt ausgebilten Handwierker an deem Eck. Et gouf awer kee grousse Vëlosfabrikant awer en ettlech Constructeuren de eenzel Vëloen oder och alt mol ganz kleng Serië gebaut hunn. Dat koum dohier, well vill Handwierker, fir sech eppes bei hir Pai derbäizeverdéngen, doheem Vëloe gebaut hunn. An deem Ëmfeld huet de Singer geléiert Vëloe bauen déi hien och op de sougenannte Concours de machines presentéiert huet, dorënner 1946 e Vëlo vu knapps 6,875 kg.

De Singer deen a ganz kreative Mënsch war huet bis 1944 aleng a sengem Atelier geschafft. Du koumen den Ernest Csuka, och e fréiere Vëlossportler, a säi Brudder Roland bei de Singer schaffen. Déizäit gouf et net vill industriell Stécker fir Vëloen sou datt alles huet missen op der Hand gemaach ginn, an d'Constructeure ware gezwongen déi meescht Stécker selwer z'entwerfen. Sou entstoungen eng Hällewull vu verschiddene Suedelstäipen, Changementen, Kuerbelwellen, Schutzblecher an nach vill aner Deeler déi all op der Hand gemaach goufen. Wéi den Alex Singer 1966 gestuerwen ass war den haitege Gérant, den Olivier Csuka (dem Ernest säi Bouf) nach e klengen Däbbes. Hien huet do am Atelier mat 8 Joer seng éischt Rieder montéiert. Wann och d'Vëlosgeschäft haut net säin Haaptberuff ass sou ass hien, wéi e selwer seet: glécklech datt e bei sengem Papp geléiert huet Kaderen ze léiden. Hie baut och haut selwer nach Tourevëloen a restauréiert al Vëloen. Hien ass och an der Jugend Stroossecoursse gefuer, war awer méi als Pistard bekannt.

Den Alex Singer war säi Liewe laang Member vun der Amicale Cyclotouriste de la Banlieue Ouest déi nach ëmmer all Joer fir un hien z'erënneren de Rally Singer organiséiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Elliot, C. a Jablonka D., Fahrräder aus Meisterhand, Modelle Macher Manufakturen weltweit, Säit 72-75, Delius Klasing Verlag, Bielefeld, 2018. ISBN 978-3-667-11054-1

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Zanter 1964
  2. Aner Quelle soen 1923