Siwe Weltwonner
Ausgesinn
Déi Siwe Weltwonner si berüümt Bau- a Konschtwierker aus der Antiquitéit. D'Historiker si sech eeneg ginn, datt et der siwe sinn an zwar:
- Pyramide vu Gizeh, Gizeh (Egypten), goufen ëm 2590-2470 v. Chr. gebaut a sinn nach erhalen.
- Zeusstatu vum Phidias Olympia (Griicheland),am 5.Jahrhonnert. v. Chr.gebaut, 262 n. Chr. duerch Brand zerstéiert.
- Artemis-Tempel vun Ephesus (Tierkei), am 6. Jh. v. Chr. gebaut, 262 n. Chr. zerstéiert.
- Mausoleum vun Halikarnassos (Tierkei), ëm 325 v. Chr. gebaut, ganz zerstéiert.
- Hänkeg Gäert vu Babylon (Irak), Baujahr onnbekannt, ganz zerstéiert.
- Koloss vu Rhodos Rhodos (Griicheland), 292-280 v. Chr. gebaut, 224 v. Chr. zesummegebrach.
- Liichttuerm vu Pharos, Alexandria (Egypten), 270 v. Chr. 1375 gebaut, duerch en Äerdbiewen zerstéiert.
Déi Siwen nei Weltwonner
[änneren | Quelltext änneren]Well vun den historesche siwe Weltwonner nëmmen nach d'Pyramide vu Gizeh iwwerlieft hunn, huet kierzlech e Schwäizer, de Bernard Weber, d'Initiativ ergraff, fir siwen nei Weltwonner duerch de Publikum iwwer Telefon oder Internet ze bestëmmen. D'Pyramide vu Gizeh stoungen dobäi nimmi zur Wal. D'Resultat, dat allerdéngs ëmstridden ass a vun deem d'UNESCO sech distanzéiert huet, ass de 7. Juli 2007 zu Lissabon bekannt gemaach ginn. Vun den 21 Objeten déi a Fro koumen, goufen der siwen als Nei Weltwonner gewielt:
- Mexiko: Chichén Itzá Mayaruinen op der Hallefinsel Yucatán
- China: Chineesesch Mauer
- Brasilien: Cristo Redentor Christusstatu zu Rio de Janeiro
- Italien: Kolosseum réimeschen Amphitheater
- Peru: Machu Picchu Inkaruinestad an den Anden
- Jordanien: Petra Fielsestad
- Indien: Taj Mahal Grafmonument
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Seven Wonders of the World – Biller, Videoen oder Audiodateien |