Taj Mahal

Vu Wikipedia
Den Taj Mahal

Den Taj Mahal ass ee Mausoleum zu Agra an Indien. E gouf vum Mughalesche Keeser Shah Jahan als Erënnerung u seng Fra Mumtaz Mahal baue gelooss.

Den Taj Mahal gëllt als eent vun deene schéinste Beispiller vun der mughalescher Architektur, ee Stil, deen Elementer vu perseschen, osmaneschen, indeschen an islameschen architektonesche Stiler kombinéiert. 1983 gouf den Taj Mahal op d'Unesco-Lëscht vum Weltierwen opgeholl.

Wärend de wäisse Mausoleum aus Marber eng vun den Haaptkomponenten ass, ass den Taj Mahal selwer en integréierte Komplex vu Strukturen. De Bau gouf ëm 1632 ugefaangen an ass ëm 1653 fäerdeg ginn. Dausende vun Handwierker a Kënschtler hunn um Schantje geschafft. De persesche Kënschtler Ustad Ahmad Lahauri gëllt als ee vun den Haaptarchitekte vum Taj Mahal.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Taj Mahal – Biller, Videoen oder Audiodateien