Société des aciéries de Longwy

Vu Wikipedia
D'Lager bei Paräis vun der Société des Aciéries de Longwy.

D'Société des aciéries de Longwy ass eng fréier Aktiegesellschaft, déi zu Lonkech Schmelzen a Stolwieker bedriwwen huet. Hiren Haaptsëtz hat se an de Grands bureaux des Aciéries de Longwy, zu Longlaville.

Si gouf den 1. Juni 1880 gegrënnt, andeems d'Schmelzhäre Jean-Joseph Labbé, Oscar d'Adelswärd, Fernand de Saintignon, Gustave Raty, d'Bridder d'Huart a Robert de Wendel hir Firmen, d'Usine du Prieuré an d'Usine Port-Sec zu Mont-Saint-Martin zesummegeluecht hunn.

1953 huet d'Société des Aciéries de Longwy, zesumme mat der Société Métallurique de Senelle-Maubeuge an der Société Escaut et Meuse zu der Société Lorraine-Escaut fusionéiert. Dës gouf hirersäits 1966 vun Usinor iwwerholl. Dat Joer an dat Joer drop goufen 2 Héichiewen um Lonkecher Site zougemaach. 1978 gouf do ganz mat der Produktioun opgehalen.[1]

Vereenzelt Gebaier vum Haaptsëtz, de Grands bureaux des Aciéries de Longwy, sinn erhale bliwwen a gi fir ënnerschiddlech Zwecker benotzt: Am Haaptgebai ass haut eng Maison de l'emploi (Aarbechtsvermëttlung), am fréiere Fuerschungsgebai hunn haut Compatbilitéitsfirmen hir Büroen, d'Gebléishal gëtt als Lager benotzt an de Grand hôtel steet eidel an d'Fënstere sinn zougebaut.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Aciéries de Longwy, France" op industrie.lu.