Sola
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| ||
Sola | ||
---|---|---|
Typ | Maschinnepistoul | |
Nationalitéit | Lëtzebuerg | |
Ära | Modern | |
Geschicht | ||
Produktiounsperiod | 1954 bis 1957 | |
Operateuren | kuckt am Text | |
Technesch Detailer | ||
Typ | Maschinnepistoul | |
Kaliber | 9×19 mm Parabellum | |
Längt vum Laf | 350 mm | |
Chargeur | 32 Schoss | |
Action | Réckstousslueder, Masseverschloss | |
Schosskadenz | 550 rpm | |
Mëndungsvitesse | 396 m/s | |
Gewiicht (eidel) | 2,86 kg | |
Längt | 610–889 mm | |
Varianten | Sola-Super Sola-Léger | |
Am Ganze gebaut | n/a |
D'Sola war eng Maschinnepistoul, déi zu Ettelbréck vun der Société Luxembourgeoise d'Armes S.A. gebaut gouf.
Inhaltsverzeechnes
Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]
Deen éischte Modell war d'Sola-Super, e Modell, dee staark vun der belscher Vigneron inspiréiert war.
D'Surface vun der Waff war gro sulphatiséiert a mat Ammoniak behandelt. De Grëff war aus Plastik.
Ënner dem Waffekierper war den Numm SOLA an e roude Léiw ageklappt, e roude Léief, dee fir verschidde Commanden awer erausgefräst gouf.
Am Ganze bestoung d'Sola-Super aus just 38 Eenzeldeeler an hat e gestanzte Boîtier. Lénks iwwer dem Pistoulegrëff war e Schalter mat deem een tëscht Eenzel- an Dauerfeier wiele konnt. Besonnesch war de Fait datt een och am Dauerfeiermodus duerch just liicht Drécken Eenzelschëss konnt ofginn an d'Prezisioun vun der Waff, déi wéinst dem fir eng Maschinnepistoul relativ laange Laf iwwer der Moyenne louch.
1957 koum de méi kuerze Modell Sola-Léger eraus, deen awer kee Succès kannt huet.
Laf[änneren | Quelltext änneren]
De Laf ass an Däitschland kaaft ginn. Duerno ass den Drall zu Wecker gehummert ginn. Duerno goufen déi réi Leef op Ettelbréck bruecht, wou se op d'Längt geschnidde goufen an den Drall noverschafft gouf.
Fabrécksgebai[änneren | Quelltext änneren]
D'Fabréck war an engem Deel vun der fréierer Ettelbrécker Duchfabréck ënnerbruecht.
Personal[änneren | Quelltext änneren]
An der Produktioun hunn am Duerchschnëtt 19 Leit geschafft.
Produktiounszuelen[änneren | Quelltext änneren]
Et goufen der eng Rei an Afrika an och der nach a Südamerika verkaaft, genee Zuele sinn net méi bekannt.