Solférino (Landes)
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Märei vu Solférino | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Nei-Aquitaine | ||||
Departement | Landes | ||||
Arrondissement | Mont-de-Marsan | ||||
Kanton | Haute Lande Armagnac | ||||
Postcode | 40210 | ||||
Gemengecode | 40303 | ||||
Koordinaten | 44° 08’ 47’’ N 00° 54’ 57’’ O | ||||
Fläch | 9.783 ha | ||||
Bevëlkerung | 345 (2010) |
Solférino ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Landes an der Regioun Nei-Aquitaine.
D'Gemeng läit am Parc naturel régional des Landes de Gascogne am Bësch vun de Landes
Déi héchst Plaz läit op 85 Meter iwwer dem Mier.
Hydrographie
[änneren | Quelltext änneren]E puer Baachen hunn hir Quell um Territoire vun der Gemeng, oder entstinn net wäit vun der Gemengegrenz aus dem Zesummelaf vun den Entwässerungsgrief déi iwwer déi ganz Fläch verdeelt sinn. Eng vun de gréissten ass d'Castre déi am Süde vun der Gemeng entsteet an duerno bei Morcenx an de Bez oder och Bès leeft.