Sonneparallax
D'Sonneparallax ass dee klenge Wénkel, ënner deem de Radius vum Äerdequator vum Sonnemëttelpunkt aus erschénge géif (méi genee: vum Baryzentrum vum Sonnesystem).
Et ass de Maximalwäert vun deem parallaktesche Wénkel, ëm dee sech d'Sonn virum Stärehannergrond fir den Observateur op der Äerd verréckele kann. Wéinst der Iwwerstralung vun de Stäre kann d'Sonneparallax awer nëmmen indirekt gemooss ginn.
Déi mëttel Sonneparallax ass 8,79415". Gëtt dëse Wäert op d'Boumooss ëmgerechent an den Equatorradius vun der Äerd duerch dësen dividéiert, ergëtt sech déi sougenannt Astronomesch Eenheet – d'Mëtteldistanz tëscht Äerd a Sonn. Hire moderne Wäert ass 149 597 871 km.
Well d'Aerdbunn eng Keplerbunn ass, déi vun enger Kreesbunn ëm 1,67 Prozent ofwäicht, variéiert d'Sonneparallax tëscht de Wäerter 8,64" (Aphel, ongeféier 5. Juli) an 8,94" (Perihel, ongeféier 3. Januar).
Déi geneest Method fir hir Bestëmmung war bis 1900 d'Vermiessung vun de rare Venustransite virun der Sonn. An dëser Konstellatioun ass d'Venus mat „nëmme“ ronn 42 Millioune Kilometer den nooste Planéit zu der Äerd a weist virun der Sonnescheif eng Parallax vun iwwer 30" op, déi iwwer d'Astrometrie op 1 Promille oder eppes méi genee bestëmmbar ass. Schonn den Astronome vum 19. Joerhonnert war déi Genauegkeet ze wéineg.
Am Joer 1898 gëtt de Klengplanéit Eros entdeckt, deen der Äerd all dräi Joerzéngten op 20 Millioune Kilometer méi no kënnt. Doduerch léisst sech d'Miessgenauegkeet méi wéi verduebelen, well
- seng Parallax zweemol méi grouss ass wéi déi vun der Venus, an
- e klenge „Punkt“ virun de Stäre méi genee ze moossen ass, wéi eng duerch d'Hëtzt flimmernt Planéitescheif virun der Sonn.
De moderne Wäert vun der Sonneparallax gouf mat Radarmiessungen zu der Venus a verschiddenen Distanzmiessunge mat Raumsonde bestëmmt. Wärend d'Astronomesch Eenheet ëm 1950 fir d'éischt op 0,1 Gigameter bekannt war (149,6 ± 0,1 Mill.km), war se dräi Joerzéngte duerno schonn 1000-mol méi genee an haut kennt ee se souguer besser wéi 1 km. Domat sinn all absolut Distanzen am Sonnesystem – wéi si fir d'Raumfaart wichteg sinn – op 1 bis 10 km genee ze berechnen.
Relativ Distanze bannent dem Sonnesystem si wéinst dem drëtte Keplergesetz schonn zanter laangem mat grousser Prezisioun bekannt, well sech d'Ëmlafzäite vun de Planéite ganz genee ermëttele loossen.