Special Olympics

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Logo vu Special Olympics

Special Olympics ass déi gréisst Sportbeweegung op der Welt fir geeschteg oder méifach behënnert Leit. Si erméiglecht ronn 4,4 Millioune Sportler an 170 Länner en Training a Participatioune bei sportlechen Evenementer, sief dat am lokalen, nationalen oder regionale Beräich.

Dozou gehéiere Kompetitioune wéi Special Olympics World Games déi wéi d'Olympesch Spiller all véier Joer ofgehale ginn. Déi nächst sinn 2015 am Juli/August zu Los Angeles a Kalifornien.

Special Olympics ass vum Internationalen Olympesche Kommitee offiziell unerkannt an däerf als eenzeg Organisatioun den Ausdrock "Olympics" benotzen. Duerch d'Special Olympics soll duerch de Sport d'Akzeptanz vu Mënsche mat geeschteger Behënnerung an der Gesellschaft verbessert ginn. Se ënnerscheet sech vun de Paralympics doduerch, datt do Mënsche mat enger kierperlecher Behënnerung matmaachen.

Den aktuelle President vu Special Olympics ass den Tim Shriver, de Bouf vun der Eunice Kennedy Shriver, déi 1962 mat engem Trainingscamp fir behënnert Leit ugefaangen huet a wouraus d'Special Olympics 1968 ervirgaange sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Special Olympics – Biller, Videoen oder Audiodateien