Spoorbach

Vu Wikipedia

De Spoorbach ass eng Baach an der belscher Provënz Léck an en Niewefloss vun der Hill.

De Spoorbach huet seng Quell um Flouer Platten Venn op enger Héicht vu 625 Meter. No engem Laf vu ronn 3 km, haaptsächlech a südwestlescher Richtung leeft en op enger Héicht vu 525 Meter an d'Hill.

Eenzeg nennenswäerten Zoufloss ass den Eupener Gruef.