Spullsteen

Vu Wikipedia
E Spullsteen aus INOX

E Spullsteen ass e Baseng, deen aus engem Steen- oder Fielsblock eraus gehae gëtt, an dozou déngt fir an enger Kichen d'Spull ze maachen.

Spullsteng goufen zu Lëtzebuerg meeschtens aus Granit oder aus Leeën, erausgehaen. Si goufen ënner der Kichefënster agebaut, well dat déi hellste Plaz war, an d'Säitemauere vun der Fënsternisch als Droelement konnte benotzt ginn.

Den Numm gouf duerno fir all Baseng gebraucht, an deem d'Spull gemaach gëtt och wann en net aus Steen ass. Dacks ass e Spullsteen hautdesdaags aus Granit, Keramik, INOX oder aner Materialien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spullsteen – Biller, Videoen oder Audiodateien