Stëftzant

Vu Wikipedia
E Stëftzant

E Stëftzant, och nach Stëftkroun genannt, ass e kënschtlechen Zännersatz. Et handelt sech dobäi ëm eng stänneg Fixatioun vun enger Zännkroun an der Zännwuerzel, déi dofir nach erhale muss sinn. Déi kënschtlech Kroun sëtzt dobäi fest op engem Stëft, deen an e Lach gestach gëtt, dat virdrun op d'Mooss an d'Zännwuerzel huet misse gebuert ginn.

Eng Stëftkroun ass déi lescht Rettung vun engem kranken oder ofgebrachenen Zant.