Stadio Marcantonio Bentegodi
|
| |
| Plaz |
Verona, |
|---|---|
| Baujoer | 1963 |
| Renovéiert | 1989 |
| Koordinaten |
45° 26’ 7.28’’ N 10° 58’ 7.13’’ O |
| Capacitéit | |
| Total |
39.211 homologéiert 31.045 |
|
| |
De Stadio Marcantonio Bentegodi, oder just Stadio Bentegodi, ass e Sportsstadion zu Verona. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen ekipéiert ass, a mat 31.045 homologéierte Plazen ass et den aachtgréisste Stadion an Italien.
De Stadion, deen aus Athleetiksinstallatiounen an aus engem Foussballsterrain besteet, gouf 1963 fäerdeg an 1989, fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft vun 1990, restrukturéiert. D'Architektur ass vum Architekt Leonardo Barucchello .
De Foussballsterrain ass 105 × 68 m grouss. De Stadion ass nom Marcantonio Bentegodi (1818-1873), engem Politiker a Fërderer vum Sport zu Verona am 19. Joerhonnert, benannt.
Um Stadion spillen déi zwou Ekippe vu Verona, den Hellas Verona an de Chievo Verona, hir Heemmatcher. De Lokalderby tëscht Hellas a Chievo gëtt Derby dell'Arena, no der Arena vu Verona, genannt.
2009 gouf um Daach vun den Tribünen eng Photovoltaikanlag installéiert (9.591 m² Photovoltaikmoduler déi bis zu 1000 kWh bréngen). Et ass domat déi gréisst Photovoltaikanlag déi jee op e Sportskomplex an Italie gebaut gouf a bis elo (2019) déi eenzeg op engem Stadion an Italien.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Stadio Marcantonio Bentegodi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
