Stanley Milgram

Vu Wikipedia
Stanley Milgram
Gebuer 15. August 1933
Bronx
Gestuerwen 20. Dezember 1984
Manhattan
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit,
Brooklyn College
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Soziolog, Psycholog
Member vun American Academy of Arts and Sciences

De Stanley Milgram, gebuer de 5. August 1933 zu New York an do gestuerwen den 20. Dezember 1984, war en US-amerikanesche Psycholog. Hien ass virun allem duerch zwee Experimenter bekannt ginn: Dat sougenannt Small World-Experiment an dat no him benannte Milgram-Experiment, bei deem et ëm d'Sech-enger-Autoritéit-Ënnerwerfe geet.

Experiment iwwer d'Sech-enger-Autoritéit-Ënnerwerfen ("Milgram-Experiment")[änneren | Quelltext änneren]

Beim sougenannte Milgram-Experiment goung et drëms fir erauszefannen, bis wuer en Individuum bereet ass, enger Autoritéit ze follegen. Dofir goufen, am Kader vun der Yale-Universitéit, iwwer Annoncë Fräiwëlleger gesicht, déi dann, zu 2 an 2, an en "Instrukter" an e "Schüler" agedeelt goufen. Se kruten dann explizéiert, et géing drëms, eng nei pedagogesch Method ze testen. Den Instrukter krut gesot, hie misst dem Schüler eng Rëtsch Wuert-Koppele virliesen, an en dann opfroen. All Kéier, wou en eng falsch (oder keng) Äntwert kréich, sollt en dem Schüler en ëmmer méi héijen elektresche Schlag ginn. Dofir hat den Instrukter e Schaltpult viru sech, op deem eng Rëtsch Knäppercher a Schibere waren, iwwer deenen eng ëmmer méi héich Voltzuel ugi war (bis 450 Volt). Jee nodeem souz de Schüler am Niewenzëmmer - den Instrukter huet e just héieren - oder am selwechten Zëmmer, soudatt en d'Kabele gesinn huet, déi vum Pult bis bei de Schüler goungen. De "Schüler" war natierlech e Schauspiller, an d'elektresch Schléi net echt, mä d'Reaktioune vun den Instruktere schonn:

Am Duerchschnëtt hu bis zu zwéin Drëttel vun de Probanden hirem Affer bis zu 450 Volt staark "Stroumschléi" verpasst, an dat, obwuel se héieren hunn, datt hiert Affer Péng hätt am um Enn souguer kee Mucks méi vu sech ginn huet. D'Erklärung, beim Interview duerno, war, datt d'Uni/d'Professere scho wësse missten, wat se fir en Experiment do géife maachen, datt si dofir responsabel wieren, an de Probant just dat gemaach hätt, woufir en ugestallt gi wier.

Small World-Experiment[änneren | Quelltext änneren]

D'Small-World Experiment soll determinéieren, iwwer wéi vill Statiounen zwou Persounen a Relatioun matenee stéingen (direkt oder iwwer gemeinsam Bekanntschaften). E koum zur Conclusioun, datt et an der Moyenne manner wéi 6 'Statioune' bräicht, bis datt en Zesummenhang do wier (Six Degrees of Separation).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]