Statistisches Bundesamt

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Statistisches Bundesamt zu Wiesbaden

D'Statistisches Bundesamt (kuerz: Destatis) ass eng Bundesbehörde an dat nationaalt Institut fir Statistik vun Däitschland.

Et ass den 21. Januar 1948 entstanen, wéi d'Statistikinstitut vun der brittescher Besatzungszon an dat vun der amerikanescher Besatzungszon am Statistisches Amt des Vereinigten Wirtschaftsgebietes vereent goufen. D'Stad Wiesbaden gouf als Sëtz gewielt. D'Joer drop ass d'Bundesrepublik Däitschland gegrënnt ginn, an dem federalen Inneministère ënnerstallt ginn. Mat der Vereenegung vu West- an Ostdäitschland den 3. Oktober 1990 hunn d'Statistikgesetzer vum Bond och an den neie Bundeslänner an zu Ostberlin gegollt.

D'Statistisches Bundesamt erhieft, sammelt an analyséiert statistesch Informatiounen iwwer d'Ekonomie, d'Gesellschaft an d'Ëmwelt vum Land.

2017 hu fir Destatis iwwer 2.200 Persoune geschafft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Statistisches Bundesamt – Biller, Videoen oder Audiodateien