Steve Fossett

Vu Wikipedia
Steve Fossett
Gebuer 22. Abrëll 1944
Gestuerwen 3. September 2007
Doudesursaach Fligeraccident
Nationalitéit USA
Educatioun Stanford University
Aktivitéit Explorateur, Financier, Ballonspilot, Pilot, Autospilot, Geschäftspersoun, Segler, Alpinist

Den James Stephen (Steve) Fossett, gebuer den 22. Abrëll 1944 zu Jackson (Tennessee), vermësst zanter dem 3. September 2007, an offiziell fir dout erkläert de 15. Februar 2008, war en US-amerikaneschen Aventurier.

Nodeem en et als Geschäftsmann zu Räichtum bruecht huet, gouf hie virun allem dofir bekannt, datt en als Éischte mat engem Waarmloftballon non-stop ronderëm d'Welt gefuer ass. Hien ass och mat Seegelfligeren a Sportfligere geflunn. 2005 ass e mam GlobalFlyer eleng an ouni ënnerwee ze tanken a 76 Stonnen a 45 Minutte ronderëm d'Äerd geflunn.

Den 3. September 2007 ass en net méi vun engem Fluch erëmkomm. Nodeem en net erëmfonnt gouf, gouf en de 15. Februar 2008 offiziell fir dout erkläert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steve Fossett – Biller, Videoen oder Audiodateien