Sträichkarussell

Vu Wikipedia
Sträichkarussell

E Sträichkarussell ass eng kreesfërmeg Sträichanlag bei där d'Béischten, meeschtens Kéi, déi gestrach ginn, op enger Plattform stinn déi sech am Krees weiderdréint.

Wann de Béischt gestrach gëtt kënnt e vun enger Säit an de Karussell, deen a Stänneren agedeelt ass, eran, a kritt do de Sträichapparat un d'Mame gehangen. D'Gréisst vum Karussell an d'Vitess mat där en dréint si sou berechent datt de Sträichvirgank ofgeschloss ass, wann e jee no Anlag, an no Mëllechleeschtung vum Béischt, en dräivéirels bis e ganzen Tour gedréint huet. Da kann d'Déier erëm eraustrëppelen. Den Avantage vum Sträichkarussel ass datt e vun enger Persoun ouni vill Geleefs ka bedéngt ginn, a grouss Träpp séier kënne gestrach ginn.

D'Salle d'Attente fir d'Béischte muss allerdéngs grouss genuch sinn datt dee ganzen Trapp erapasst, an et muss een och genuch Plaz hunn fir e Couloir unzeleeën, fir datt wann d'Béischte gestrach sinn, erëm vum selwen op d'Weed oder an de Stall zeréck kënne goen.

De Sträichert kann entweeder bannen am Krees vum Karussell stoen oder baussen.

Wann e bausse steet huet en d'Méiglechkeet, wann e beim Eran-oder Erausdreiwe vun de Béischten eng Hand muss upaken, séier op der richteger Plaz ass. Vu bannen huet e manner Deplacementer ze maachen an en huet och eng besser Iwwersiicht iwwer d'Béischten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sträichkarusseller – Biller, Videoen oder Audiodateien