Strangers in the Night (Film, 2011)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Documentaire vun der Beryl Koltz aus dem Joer 2011.. Fir aner Filmer mat deem Titel a soss Bedeitungen, kuckt wgl. Strangers in the Night.
Strangers in the Night
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1. Juli 2011 (Kino)
Dauer 52 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Englesch
Ekipp
Regie Beryl Koltz
Dréibuch Beryl Koltz
Fotografie Jean-Louis Schuller
Musek Beryl Koltz
Schnëtt Amine Jaber
Produzent Bernard Michaux
Produktiouns-
gesellschaft
Lucil Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Strangers in the Night ass en Documentaire vun der lëtzebuergescher Regisseurin Beryl Koltz iwwer de Performancekënschtler a Museker Pit Vinandy ("Cyber Piper").

E koum am Juli 2011 an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Pit Vinandy ass op der Online-Platform Second Life als "Cyber Piper" bekannt. Do féiert hien en zweet, erfollegräicht Liewen. An deem virtuelle Liewen ass hie mat enger Fra bestuet, déi am reelle Liewen Denise heescht an zu New York wunnt. Déi zwee hu sech baussent där virtueller Welt nach ni getraff. De Film begleet de Pit Vinandy, wéi en an Amerika flitt, fir dem Denise fir d'éischte Kéier an der Realitéit ze begéinen.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Offiziellen Zuelen vum CNA no waren nëmmen 39 Leit den Documentaire zu Lëtzebuerg an de Kino kucken.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018