Strangers in the Night (Film, 2011)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Documentaire vun der Beryl Koltz aus dem Joer 2011.. Fir aner Filmer mat deem Titel a soss Bedeitungen, kuckt wgl. Strangers in the Night. |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 1. Juli 2011 (Kino) |
Dauer | 52 min |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Englesch |
Ekipp | |
Regie | Beryl Koltz |
Dréibuch | Beryl Koltz |
Fotografie | Jean-Louis Schuller |
Musek | Beryl Koltz |
Schnëtt | Amine Jaber |
Produzent | Bernard Michaux |
Produktiouns- gesellschaft | Lucil Film |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Strangers in the Night ass en Documentaire vun der lëtzebuergescher Regisseurin Beryl Koltz iwwer de Performancekënschtler a Museker Pit Vinandy ("Cyber Piper").
E koum am Juli 2011 an d'Kinoen.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Lëtzebuerger Pit Vinandy ass op der Online-Platform Second Life als "Cyber Piper" bekannt. Do féiert hien en zweet, erfollegräicht Liewen. An deem virtuelle Liewen ass hie mat enger Fra bestuet, déi am reelle Liewen Denise heescht an zu New York wunnt. Déi zwee hu sech baussent där virtueller Welt nach ni getraff. De Film begleet de Pit Vinandy, wéi en an Amerika flitt, fir dem Denise fir d'éischt Kéier an der Realitéit ze begéinen.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Offiziellen Zuelen vum CNA no waren nëmmen 39 Leit den Documentaire zu Lëtzebuerg an de Kino kucken.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Trailer vum Film op Youtube
- Interview iwwer de Film mam Cyberpiper an "20vir" op RTL Tëlee Lëtzebuerg
- De Film an de Emissioun "Kultur" op RTL Tëlee Lëtzebuerg
- Interview mat der Regisseurin iwwer de Film mat der Zeitung Woxx
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises, Zuele vum CNA vun 2018