Stuff

Vu Wikipedia
Eng Stuff

Eng Stuff ass en Zëmmer an enger Wunneng, dat meeschtens vun der Kiche getrennt ass a wou d'Leit sech kënnen zesummesetzen. D'Stuff ënnerscheet sech vum Sällchen haaptsächlech duerch d'Miwwelen. Am Sällchen ass meeschtens en niddregen Dësch mat engem oder méi Kanapeeën ze fannen, wougéint an der Stuff en normalen Dësch a Still stinn, well do och geleeëntlech giess ka ginn.

Historesch ass d'Stuff dee Raum an engem Haus - dacks deen eenzegen - dee gehëtzt gouf (vgl. d'Englescht stove fir "Uewen"), z. B. mat engem Kolonnenuewen oder engem Takeschaf. A gréisseren Haiser gouf och tëscht der (normaler) Stuff an der gudder Stuff ënnerscheet: wärend déi éischtgenannt am Alldag am Gebrauch war, war déi leschtgenannt just fir feierlech Geleeënheete geduecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stuff – Biller, Videoen oder Audiodateien