Sudoku (Spill)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sudoku)
E Sudoku

Sudoku, op Japanesch 数独 sūdoku, kuerz fir 数字は独身に限る sūji wa dokushin ni kagiru, wiertlech „Eng Zuel bleift ëmmer eleng“, ass en Zuelepuzzle oder en Zuelerätsel, wou dat eenzegt, wat gefrot ass, Logik ass. Aner Nimm fir dëst Spill si Su Doku oder Number Place.

Spillreegelen

Sudoku spillt sech an engem Quadrat, dat aus 9x9 Casen opgebaut ass. Da gëtt et nach 9 Ënnerquadraten, déi aus 3x3 Casë bestinn. D'Zil ass:

  • all horizontal Linn besteet aus den Zifferen 1 bis 9
  • all vertikal Linn besteet aus den Zifferen 1 bis 9
  • all 3x3 Ënnerquadrat besteet aus den Zifferen 1 bis 9

Opgepasst! Eng Linn oder e Quadrat däerf also keng Ziffer zweemol hunn.

Originnen

D'Spill gouf ënner dem Numm Carré latin vum Schwäizer Mathematiker Leonhard Euler am 18. Joerhonnert erfonnt.

Sudoku gouf allerdéngs eréischt populär, wéi déi japanesch Zäitschrëft Nikoli d'Rätsel ënner dem Numm 数独 (Sudoku, vun su "Nummer" an doku "eenzel") erausbruecht huet. Et ass awer eréischt zanter datt brittesch Zeitungen am Joer 2005 d'Spill entdeckt hunn, datt aner Länner an den Internet Sudoku spillen. Fir Däitschland, zum Beispill, ass et d'Handelsblatt, wat ugefaangen huet, de Lieser Sudoku unzebidden.

Um Spaweck

Commons: Sudoku – Biller, Videoen oder Audiodateien

Spiller

Artikelen