Sumasschedschaja pomoschtsch

Vu Wikipedia
Sumasschedschaja pomoschtsch
Film
Produktiounsland Russland
Produktiounsjoer 2009
Première 2009
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Boris Chlebnikow
Dréibuch Aleksandr Rodionow
Fotografie Schandor Berkeschi
Produzent Roman Borisewitsch
Koktebel
Schauspiller
Jewgeni Syty als Jenja
Sergei Dreiden als Ingenieur
Anna Michalkowa als Duechter
Igor Tschernewitsch als Polizist
Aleksandr Jazenko
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Sumasschedschaja pomoschtsch (russ.: Сумасшедшая помощь, "Verréckt Rettung") ass e Film vum Regisseur Boris Chlebnikow aus dem Joer 2009. E skurril-komeschen Alldagsportrait vun engem desillusiounéierte Land.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De guttmiddegen, e bësse luese Jewgeni (Jenja genannt) gëtt vu senger Famill aus sengem klenge wäissrusseschen Duerf fortgeschéckt op Moskau, fir datt e sech do e puer Suen als Hëllefsaarbechter verdénge soll. E gëtt do awer direkt Affer vun e puer Brigangen, déi em alles ofhuelen, dat en hat. Zesummegeschloen a verschotert gesäit et sou aus, wéi wann de Jenja dozou verdaamt wier, als Strummert weiderzeliewen.

Mä et geschitt e klengt Wonner. E pensionéierten Ingenieur hëlt sech dem Jenja senger un, léisst e bei sech wunnen an iessen. De Jenja muss e just op senge geheime Missioune géint déi alldeeglech Iwwel vun der haiteger Metropol begleeden. Sou mussen zum Beispill mysteriéis Messagen am Intenhaus geséchert ginn, oder eng friem Nopesch géint hire Wëlle virun hirem Mann, engem Polizist, gerett ginn.

Wéi dunn op eemol d'Duechter vum Ingenieur op Besuch kënnt, gëtt d'Welt fir de Jenja net méi einfach. Als éischt ignoréiert si en, duerno wëll se e fortjoen, a schlussendlech wëll se en dofir gewannen, hirem Papp "Pëlle géint Longenentzündung" opzeschwätzen, souguer wann deen dobäi säi Gesiicht verännere géif...

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

  • De Boris Chlebnikow huet déi traureg Geschicht vun engem wäissrusseschen Hëllefsaarbechter als éischt als Dokumentarfilm gedréint.
  • E gudden Deel vum Film, deen zu Moskau spillt, gouf a Wierklechkeet zu Jaroslawl opgeholl.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass 2009 beim Wiesbadener "goEast"-Festival als Gewënner an der Kategorie "Bescht Regie" ervirgaangen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]