Superjhemp-Statu zu Miersch
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Superjhemp-Statu Miersch)
| Typ | Skulptur |
|---|---|
| Plaz | Miersch |
| Ageweit | 4. Juni 2023 |
| Kënschtler | Katarzyna Kot |
|
| |
D'Superjhemp-Statu zu Miersch ass eng bronze Statu, déi de Comic-Personnage Superjhemp duerstellt. Si gouf de 4. Juni 2023 ageweit a steet an der Grande-Duchesse-Charlotte-Strooss, vis-à-vis vum Mierscher Lieshaus.
D'Statu ass maanshéich a representéiert de Charel Kuddel a voller Superjhemp-Montur, deen op engem Stouss Bicher (deene sëllegen Alben aus der Serie) steet.
Se gouf vun der Katarzyna Kot, nom Roger Leiner sengen Zeechnungen, entworf. De Leiner huet viru sengem Doud zu Miersch gewunnt.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Frank Weyrich: "Poznennö, de Superjhemp ass zu Miersch." wort.lu [w*], 04.06.2023.
