Tangentialvitess
D'Tangentialvitess (och Ëmfangsvitess oder Bunnvitess) ass an der Physik déi Vitess, déi ee Punkt op enger Kreesbunn huet.
Am Géigesaz zu der Wénkelvitess , déi beschreift, a wéi vill Zäit en Objet ee bestëmmte Kreessecteur, also ee Wénkel, ëmronnt, ass d'Tangentialvitess och ofhängeg vum Radius vum Krees. Logesch erfollegt doraus, datt e Punkt op enger Scheif déi sech dréint um Rand méi eng grouss Tangentialvitess huet, wéi ee Punkt deen no beim Mëttelpunkt ass, well e méi eng grouss Streck an der selwechter Zäit zeréckleet. Einfach gesot, ass d'Tangentialvitess, déi Vitess, déi e Kierper op der Kreesbunn fir e bestëmmte Wee an enger bestëmmter Zäit huet. D'Tangentialvitess gëtt mat dem Buschtaf bezeechent:
Wann d'Zäitdauer vun enger vollstänneger Ëmronnung vum Krees ass (), sou gëllt:
- (Kreesëmfang)
Doraus erfollegt:
Beispill
[änneren | Quelltext änneren]D'Tangentialvitess vun engem Punkt um Equator vun der Äerd:
Den Äerdëmfang ass ongeféier
Eng Plaz um Equator dréint a ronn 24 Stonnen eng Kéier ëm d'Äerdachs (genee: an 23 h 56 min - wéinst dem Ëmlaf ëm d'Sonn).
D'Bunnvitess ass dann
z. B.: Fir d'Stad München, déi bei ronn 48° nërdlech Breet läit, ass d'Vitess mol sou grouss; dat heescht nëmme ronn 1100 km/h.
v = Bunnvitess; t = Zäit; T = Dauer vun enger Ëmdréiung (Periodendauer); s = zeréckgeluechte Wee; ω = Wénkelvitess