Tanumafili II.

Vu Wikipedia
Tanumafili II.
Gebuer 4. Januar 1913
Samoa
Gestuerwen 11. Mee 2007
Apia
Nationalitéit Samoa
Aktivitéit Politiker

De Malietoa Tanumafili II., gebuer de 4. Januar 1913 zu Apia op Samoa, a gestuerwen den 11. Mee 2007, war de Staatschef vu Samoa.

1939 huet hien de samoaneschen Häuptlingstitel "Malietoa" geierft. D'Konstitutioun vu Samoa hat bestëmmt, datt de Staat bei der Onofhängkeet sollt zwee Staatschefen op Liewenszäit kréien, den Tupua Tamasese Mea’ole an de Malietoa Tanumafili II. Nom Doud vu sengem Partner gouf den Tanumafili de 5. Abrëll 1963 eenzege Staatschef.

No sengem Doud wäert d'Parlament en neien Herrscher wielen, deem seng Amtszäit awer op fënnef Joer reduzéiert wäert sinn.