Temperaturgradient

Vu Wikipedia

Den Temperaturgradient ass eng geriicht physikalesch Gréisst (e Vektor), deen am Sënn vun engem mathematesche Gradient jiddwer Punkt vun engem Temperaturfeld beschreift, a wéi enger Richtung d'Temperatur am stäerkste klëmmt a wéi staark. Déi international benotzt Eenheet (SI-Eenheet) ass Kelvin pro Meter (K/m). Den Temperaturgradient dreift d'Wärmeleedung a ka Stréimunge verursaachen (kuckt Bénard-Experiment, Küppers-Lortz-Instabilitéit). Hie spillt bei der Thermophores an der Thermoosmos eng wichteg Roll an ass eng vun den Ursaache fir d'Korrosioun.

An der Meteorologie an an der Geologie ass virun allem d'Vertikalkomponent vum Temperaturgradienten vun Interessi, also d'Verännerung vun der Temperatur mam Ofstand zu der Äerduewerfläch. Dës Vertikalkomponent vum Temperaturgradient hescht an der Äerdatmosphär atmosphäreschen Temperaturgradient an an der Äerdkuuscht geothermesch Déiftestuf.