The Hives

Vu Wikipedia
The Hives

The Hives ass eng schweedesch Rock-Band, déi 1993 gegrënnt gouf. Si besteet aus dem "Howlin" Pelle Almqvist (Sänger), dem Nicholaus Arson (Gittar), dem "Vigilante" Carlstroem (Gittar), dem "Dr. Matt Destruction" (Bass) an dem "Chris Dnaderous" (Batterie).

Als Markenzeechen triede si ëmmer a schwaarz a wäiss Paltongen op a behaapte vu sech selwer, datt si déi bescht Rockgrupp op der Welt sinn.

Eng kleng Stad matzen a Schweden am Joer 1993. D'Bandmärche seet, datt fënnef Jongen e Bréif kruten, an deem just eng Plaz an eng Auerzäit stoung. Jiddwereen ass dohigaangen. De Mr. Randy Fitzsimmons huet op si gewaart. Sou soll d'Grupp entstane sinn. Vun do un hu si ugefaangen zesumme Musek ze maachen.

Am Joer 1996 ass hir éischt Single "Oh Lord! When? How?" erauskomm déi zimmlech gutt bei de Leit ukomm ass. D'Band war begeeschtert, datt hire Single sou gutt ukomm ass, sou datt si 1997 hiren éischten Album "Barely Legal" erausbruecht hunn, mat deem si hiren Duerchbroch haten.

No dësem Album huet Band eng Tournée gemaach wou gutt ofgerockt gouf.

Duerno am Joer 2000 huet The Hives säin zweeten Album "Veni Vidi Vicious" erausbruecht, dee sech textlech vun all deenen anere Gruppen an hirem Alter ënnerscheet. No hirer Meenung maachen Texter d'Hallschent vun hire Lidder aus: "Mat witzege Wierder a Reime kann een e gutt Lidd zu engem groussaartege Lidd maachen".

Am Joer 2002 huet The Hives nach een Album "Your Favourite New Band (Parental Advisory)" erausbruecht an no laanger Tour ass dunn am Joer 2004 hiren CD "Tyrannosaurus Hives" erauskomm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: The Hives – Biller, Videoen oder Audiodateien