Op den Inhalt sprangen

The O.C.

Vu Wikipedia
The O.C.
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 42
Format 16:9
Originalsprooch Englesch
Follgen 92
Éischt Folleg 5. August 2003
Staffelen 4
Episoden 92
Ekipp
Iddi Josh Schwartz
Produzent Bob DeLaurentis
Distributioun Warner Bros. Television, Hulu
Schauspiller
Peter Gallagher
Kelly Rowan
Benjamin McKenzie
Mischa Barton
Adam Brody
Chris Carmack
Tate Donovan
Melinda Clarke
Rachel Bilson

The O.C. (de: O.C., California; fr: Newport Beach) ass eng Televisiounsserie aus den USA vum Josh Schwartz. Déi éischt Folleg ass de 5. August 2003 gelaf. No véier Staffele war Schluss an déi lescht Episod gouf den 22. Februar 2007 gewisen. O.C. steet fir de Bezierk Orange County am US-Bundesstaat Kalifornien.

Ëm wat geet et ?

[änneren | Quelltext änneren]

De jonke Ryan Atwood (Benjamin McKenzie) lieft a schlechte Verhältnesser zu Chino; seng Mamm huet en Alkoholproblem an hire Frënd zéckt net d'Hand ze hiewen. Säi Brudder Trey (Bradley Stryker) an hie geroden an dësem Milieu séier op d'schif Bunn, a ginn erwëscht, wéi si en Auto wëlle klauen. Well den Trey schonn 18 ass, ass fir hien de Prisong virprogramméiert. De Ryan, 16 Joer al, fält an eng aner Droits-Kategorie. Säin Affekot, de Sandy Cohen (Peter Gallagher) mécht sech wierklech Suergen ëm hien, bezillt d'Kautioun, an hëlt hien als Iwwergank mat bei sech, bis eng aner Famill fonnt ginn ass. De Ryan kënnt an eng ganz nei Welt, Newport Beach, wou een Haus mindestens 20 Zëmmeren huet, a sech d'lokal Schickeria all owes op enger Cocktailparty begéint. De Ryan wiisst der Famill Cohen un d'Häerz an de Sandy a seng Fra Kirsten (Kelly Rowan) decidéieren, Tuteur fir hien ze ginn.

Mä als Jong vu Chino ass et zu Newport Beach net ëmmer sou einfach.

Haaptduersteller

[änneren | Quelltext änneren]
  • De Peter Gallagher spillt de Sandy Cohen, en Affekot deen de Ryan bei sech ophëllt.
  • D'Kelly Rowan spillt d'Kirsten Cohen, d'Fra vum Sandy Cohen an d'Mamm vum Seth. Si schafft mat hirem Papp an der Immobiliebranche am eegene Familljebetrib.
  • De Benjamin McKenzie spillt de Ryan Atwood, en Aussenseiter vun Chino dee bei der Famill Cohen zu Newport Beach en neit Doheem fënnt.
  • Den Adam Brody spillt de Seth Cohen, dat eenzegt Kand vum Sandy a vum Kirsten. Hien ass e Comic-Fanatiker an net op de Mond gefall.
  • D'Mischa Barton spillt d'Marissa Cooper, d'Nopeschmeedchen, deem seng perfekt Welt lues awer sécher zesummebrécht.
  • D'Melinda Clarke spillt dem Marissa seng Mamm Julie Cooper, eng Fra déi keng Skrupel huet, weeder am Geschäfts- nach am Privatliewen.
  • D'Rachel Bilson spillt d'Summer Roberts, dem Marissa seng bescht Frëndin.

Gaaschtoptrëtter

[änneren | Quelltext änneren]
  • 2004: Teen Choice Award an der Kategorie Breakout TV Show.
  • 2004: Teen Choice Award an der Kategorie TV Show - Drama/Action Adventure.
  • 2004: Teen Choice Award an der Kategorie Breakout TV Star - Female fir d'Mischa Barton.
  • 2004: Teen Choice Award an der Kategorie TV Actor - Drama/Action Adventure fir den Adam Brody.
  • 2004: Teen Choice Award an der Kategorie TV Show - Drama.
  • 2005: Logie Awards an der Kategorie Most Popular Overseas Program
  • 2005: Teen Choice Award an der Kategorie TV Actor - Drama fir den Adam Brody.
  • 2005: Teen Choice Award an der Kategorie TV Actress - Drama fir d'Rachel Bilson.
  • 2005: Teen Choice Award an der Kategorie TV Chemistry fir den Adam Brody an d'Rachel Bilson.
  • 2006: Teen Choice Award an der Kategorie TV - Choice Drama/Action Adventure Show.
  • 2006: Teen Choice Award an der Kategorie TV - Choice Actor: Drama/Action Adventure fir den Adam Brody.
  • 2006: Teen Choice Award an der Kategorie TV - Choice Actress fir d'Mischa Barton.
  • 2006: Teen Choice Award an der Kategorie TV - Choice Actress: Drama/Action Adventure fir d'Rachel Bilson.
  • 2006: PRISM Awards[1] an der Kategorie Performance in a TV Drama Series Episode fir d'Kelly Rowan.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De PRISM Award geet u Leit a Sendungen, déi Suchtproblmer realistesch duerstellen.