Theodor Fahr

Vu Wikipedia
Theodor Fahr
Gebuer 1877
Gestuerwen 1945
Hamburg
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Justus-Liebig-Universität Gießen
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Dokter

De Karl Theodor Fahr, gebuer den 3. Oktober 1877 zu Pirmasens, a gestuerwen 1945 war en däitsche Patholog.

De Fahr huet zu Giessen, zu München an zu Kiel Medezin studéiert. 1903 huet hie säin Doktorat zu Giessen gemaach. Am Joer 1919 gouf hie "planmässiger ausserordentlicher Professor", a 5 Joer drop uerdentleche Professer fir Pathologie a pathologesch Anatomie zu Hamburg.

A spéidere Joren huet hie sech besonnesch mat Nephrologie beschäftegt.

De Fahr-Syndrom ass no him genannt ginn.

De Patholog Fahr huet vun 1909 bis 1915 mam Klinicker Franz Volhard zu Mannheim enk zesummegeschafft a si hunn 1914 an hirer Monographie Die Bright'sche Nierenkrankheit, Klinik, Pathologie und Atlas eng nei Klassifizéierung vun den Nierekrankheete virgestallt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Theodor Fahr / Franz Volhard: Die Brightsche Nierenkrankheit, 1940, Berlin, J. Springer

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • A. Heidland, W. Gerabek a K. Sebekova: Franz Volhard and Theodor Fahr: achievements and controversies in their research in renal disease and hypertension, in: Journal of Human Hypertension, Januar 2001, Volume 15, Nummer 1, Säiten 5-16