Thierry vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Thierry vu Lëtzebuerg
Gebuer 10th. Joerhonnert (Julian)
Gestuerwen 30. Abrëll 1047 jul.
Aktivitéit kathoulesche Bëschof
Famill
Papp Siegfried vu Lëtzebuerg
Mamm Hedwig vum Nordgau
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Thierry vu Lëtzebuerg, gestuerwen den 30. Abrëll 1047 zu Metz, war als Thierry II. (de.: Dietrich II.) vun 1005 bis 1047 Bëschof vu Metz.

Den Thierry war ee vun de Jonge vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg a senger Fra Hedwig vum Nordgau.

1014 huet hien de Grondstee vun der Kathedral Saint-Étienne vu Metz geluecht. Dës gouf allerdéngs eréischt 1546 fäerdeg gebaut. Hie selwer gouf 1047 an deem Deel vun der Kathedral, deen du scho stoung, bäigesat. Säi Graf gouf an der Franséischer Revolutioun zerstéiert.

Virgänger Blason eveché de Metz.svg Nofollger
Adalbero II. vu Metz Bëscheef vu Metz Adalbero III. vu Metz