Thierry vu Lëtzebuerg
Ausgesinn
Thierry vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Gebuer | 10. Joerhonnert jul. |
Gestuerwen | 30. Abrëll 1047 jul. |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
Famill | |
Papp | Siegfried vu Lëtzebuerg |
Mamm | Hedwig vum Nordgau |
Geschwëster | Giselbert, Adalbero vu Lëtzebuerg, Friedrich vu Lëtzebuerg, Heinrich I. vu Lëtzebuerg, Kunigunde vu Lëtzebuerg, Luitgard |
Den Thierry vu Lëtzebuerg, gestuerwen den 30. Abrëll 1047 zu Metz, war als Thierry II. (de.: Dietrich II.) vun 1005 bis 1047 Bëschof vu Metz.
Den Thierry war ee vun de Jonge vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg a senger Fra Hedwig vum Nordgau.
1014 huet hien de Grondstee vun der Kathedral Saint-Étienne vu Metz geluecht. Dës gouf allerdéngs eréischt 1546 fäerdeg gebaut. Hie selwer gouf 1047 an deem Deel vun der Kathedral, deen du scho stoung, bäigesat. Säi Graf gouf an der Franséischer Revolutioun zerstéiert.
Virgänger | Nofollger | |
---|---|---|
Adalbero II. vu Metz | Bëscheef vu Metz | Adalbero III. vu Metz |