Tilff - Bastogne - Tilff

Vu Wikipedia

Tilff – Bastogne – Tilff ass eng Organisatioun fir Fräizäit-Vëlossportler déi am Context vun der ProTour-Course Liège-Bastogne-Liège organiséiert gëtt. Wéi den Numm et seet huet dës Vëlosrandonnée hiren Depart an Arrivée zu Tilff, 12 Kilometer am Süde vu Léck. D'Streck ass sou gutt wéi méiglech un d'Streck vun der Course ugepasst, an déi bekannte Koppe vun där sinn och all um Parcours. Dozou gehéeiren Côte de Wanne, d'Haute Levée, d'Côte de Rosier an d'Redoute.

De Sportler stinn dräi Formulen zur Auswiel, 63 km, 120 km, oder d' Totallängt vun 220 km.

Sou gutt wéi de Klassiker Léck- Baaschtnech - Léck, ass dës Randonnée eng beléift Organisatioun bei de Cyclotouristen, de Randonneuren an de Cyclosportiven. An de leschte Jore waren all Kéier tëscht 5000 a 7000 Vëlosferventen um Dill.