Tom Hermes
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tom Hermes | |
---|---|
Gebuer | 1971 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Den Tom Hermes, gebuer 1971, ass e lëtzebuergesche Fotograf, deen zu Lëtzebuerg lieft.
Formatioun a Realisatiounen
[änneren | Quelltext änneren]Den Tom Hermes huet zu Bréissel op der ULB studéiert an huet vun do en Universitéitsdiplom am Fach Journalismus a Kommunikatiounswëssenschafte matbruecht. Wärend senger Studentenzäit zu Bréissel huet hie sech an d'Fotografie erageknéit.
Haut schafft hie fir Zeitungen, Revuen a Konschtmagazinen.
Hien huet de Mënsch an de Mëttelpunkt vu senge Biller a Projete gestallt.
Projeten a Retrospektiven
[änneren | Quelltext änneren]- Release of Building Yard Impressions, Institut de formation sectoriel du bâtiment, Lëtzebuerg, 2007
- Re-editioun vu Regards sur la psychiatrie, kollektiv Ausstellung, CAPE, Lëtzebuerg, 21-31 Oktober 2005
- Rees op Lourdes, E fotografesche Rapport, Juli 1998
- Portraiten, 11. Mee bis 2. Juni 1998, perséinlech Ausstellung, Morgan Stanley Bank, Bréissel
- Rees an den Niger, fotografesche Rapport, 30. Januar bis 7. Februar 1998
- Rees an den Togo, fotografesche Rapport, 13-20 März 1997
- Regards sur la psychiatrie, Gruppenausstellung, 28. Januar bis 9. Februar 1997, Lycée technique Ettelbréck, Lëtzebuerg
- Sou glécklech wéi méiglech, perséinlech Ausstellung, 15. Juli bis 15. August 1995, Lëtzebuerg
- Ouni Heem, Gruppenausstellung, 3-14 Abrëll 1995, Université libre de Bruxelles