Tom Petty

Vu Wikipedia
Tom Petty
Gebuertsnumm Thomas Earl Petty
Gebuer 20. Oktober 1950
Gainesville
Gestuerwen 2. Oktober 2017
Doudesursaach Iwwerdosis
Nationalitéit USA
Aktivitéit Gittarist, Sänger, Liddermécher, Museksproduzent, Komponist, Rockmuseker, Rocksänger

Den Thomas Earl "Tom" Petty, gebuer den 20. Oktober 1950 zu Gainesville, a Florida, a gestuerwen den 2. Oktober 2017 zu Santa Monica, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Museker, deen ufanks mat senger Band Tom Petty & the Heartbreakers gespillt huet, méi spéit och als Solokënschtler.

1976 hunn Tom Petty & the Heartbreakers hiren éischten Album erausbruecht. 1989 huet de Petty säin éischte Soloalbum, Full Moon Fever, publizéiert.


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Zollo, Tom Petty: Conversations with Tom Petty. Omnibus Press, New York 2005, ISBN 1-84449-815-8.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tom Petty – Biller, Videoen oder Audiodateien