Tomas Tranströmer

Vu Wikipedia
Tomas Tranströmer
Gebuertsnumm Tomas Gösta Tranströmer
Gebuer 15. Abrëll 1931
Stockholm
Gestuerwen 26. Mäerz 2015
Stockholm
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit vu Stockholm
Aktivitéit Linguist, Dichter, Iwwersetzer, Psycholog, Schrëftsteller


Den Tomas Gösta Tranströmer, gebuer de 15. Abrëll 1931 zu Stockholm an och do gestuerwen de 26. Mäerz 2015, war e schweedesche Lyriker.

2011krut hien den Nobelpräis fir Literatur[1]. Säi Gesamtwierk besteet aus zwielef Gedichtbänn, déi zesumme manner wéi 500 Säiten hunn.

Markant u senge Gedichter ass, datt hie Sproochbiller sou vill wéi méiglech verdicht huet. Hie steet an der Traditioun vum Paul Valéry senger Poésie pure an dem Prinzip vum „l'art pour l'art“ no.

Den Tranströmer ass deen am meeschten iwwersate skandinaveschen Dichter vum 20. Joerhonnert, hie gouf an iwwer 50 Sproochen iwwersat. 1965 huet d'Nelly Sachs, déi selwer dat Joer drop den Nobelpräis krut, eng Auswiel vu senge Gedichter op Däitsch iwwerdroen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Originaleditiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 17 dikter. Bonnier, Stockholm 1954.
  • Hemligheter på vägen. Bonnier, Stockholm 1958.
  • Den halvfärdiga himlen. Bonnier, Stockholm 1962.
  • Klanger och spår. Bonnier, Stockholm 1966.
  • Mörkerseende. Författarforlaget, Göteborg 1970.
  • Stigar. Författarforlaget, Göteborg 1973, ISBN 91-7054-110-8.
  • Östersjöar. Bonnier, Stockholm 1974, ISBN 91-0-039367-3.
  • Sanningsbarriären. Bonnier, Stockholm 1978, ISBN 91-0-043684-4.
  • Det vilda torget. Bonnier, Stockholm 1983, ISBN 91-0-046048-6.
  • För levande och döda. Bonnier, Stockholm 1989, ISBN 91-0-047672-2.
  • Minnena ser mig [Autobiographie]. Bonnier, Stockholm 1993, ISBN 91-0-055716-1.
  • Sorgegondolen. Bonnier, Stockholm 1996, ISBN 91-0-056232-7.
  • Air Mail. Brev 1964–1990. Brevväxling mellan Tomas Tranströmer och Robert Bly, Bonnier, Stockholm 2001, ISBN 91-0-057384-1.
  • Fängelse. Nio haikudikter från Hällby ungdomsfängelse (1959). Edition Edda, Uppsala 2001, ISBN 91-89352-10-6.
  • Den stora gåtan. Bonnier, Stockholm 2004, ISBN 91-0-010310-1.
  • Jonas Ellerström (Hrsg.): Tomas Tranströmers ungdomsdikter. Ellerström, Lund 2011, ISBN 978-91-7247-261-7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tomas Tranströmer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Der Nobelpreis in Literatur des Jahres 2011: Tomas Tranströmer.