Tony Abbott

Vu Wikipedia
Tony Abbott
Gebuer 24. November 1966
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Politiker

Den Anthony ("Tony") John Abbott, gebuer de 4. November 1957 zu London, ass en australesche Politiker vun der Liberal Party of Australia. Hie war vum 18. September 2013 bis de 15. September 2015 Premierminister vun Australien.

Den Tony Abbott huet op der der Universitéit vu Sydney Ekonomie an Droit studéiert a béid Fächer mat engem Bachelor ofgeschloss. Duerno huet en op der Universitéit vun Oxford eng Maîtrise am Fach Politics and Philosophy gemaach. 1983 ass e fir eng Zäitchen an e kathoulesche Priesterseminar agetruden, huet sech dann awer decidéiert, Journalist ze ginn an dorop hi fir verschidden australesch Zeitunge geschafft.

1990 gouf den Abbott Porte-parole vum Oppositiounsleader John Hewson. Vun 1993 bis 1994 war e Gérant vun der Associatioun "Australians for Constitutional Monarchy". Am Mäerz 1994 gouf hien an d'Australesche Representantenhaus (Parlament) gewielt, wou hien zanterhier fir déi Liberal Partei de Waldistrikt Warringah am Norde vu Sydney vertrëtt.

1998 gouf en ënner dem Premierminister John Howard Minister fir Beschäftegungsservicer, an 2001, bei enger Ëmbildung vun der Regierung, Minister fir Aarbecht, Aarbechtsplazrelatiounen a Klengbetrieber. Vun 2003 bis den Dezember 2007 war en da Minister fir Gesondheet a Senioren.

Den 1. Dezember 2009 koum d'Liberal Partei an d'Oppositioun, an den Abbot gouf hire Fraktiounspresident am Parlament. Bei de Parlamentswale vum 21. August 2010 war den Abbot Spëtzekandidat vun der Koalitioun vun der Liberal Party an der National Party of Australia. Mat knappser Majoritéit huet awer d'Labour Partei eng Koalitioun mat e puer Onofängegen zustane bruecht, an d'Julia Gillard gouf Premierministesch.

Bei de Parlamentswale vum 7. September 2013 war hien nees Spëtzekandidat vun enger Mëtt-Riets Koalitioun, huet déi gewonnen[1] a gouf de den 18. September 2013 als 28. Premierminister vun Australien vereedegt.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tony Abbott – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Australien: Kevin Rudd räumt Niederlage ein Der Spiegel
  2. Tony Abbott sworn in as Australia prime minister BBC News